D'Police huet e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg op Uerder vum Parquet op véier Plazen Alkoholkontrollen duerchgefouert. Am Ganze hu 556 Automobilisten mussen en Otemtest maachen.
- Conter: 81 Automobiliste kontrolléiert, 5 Alkoholtester positiv. Ee Führerschäin gouf op der Plaz agezunn.
- Éiter: 127 Automobiliste kontrolléiert, keen Alkoholtest positiv.
- Fréiseng: 221 Automobiliste kontrolléiert, 6 Tester positiv. Véier Protokoller goufen ausgestallt an ee Führerschäin agezunn.
- Diddeleng: 127 Automobiliste kontrolléiert, 3 Tester positiv. Ee Führerschäin gouf op der Plaz agezunn. En anere Chauffer huet op der Géigespuer en Alkoholtest refuséiert, wouropshin och him de Führerschäin ofgeholl gouf.