Wéinst Manktem beim DatenschutzEU verhängt Milliounestrof géint Tinder

AFP, iwwersat vun RTL
Iresch Dateschutzautoritéiten haten hir Ermëttlunge géint Tinder schonn 2020 opgeholl. De Bedreiwer Match Group huet elo dräi Méint Zäit kritt, fir seng Praxis unzepassen.
© AFP

D'EU huet de Bedreiwer vun der Dating-App Tinder mat enger Strof vun 11 Milliounen Euro beluecht. Dat well d'App hire Benotzer net genuch Accès zu hire perséinlechen Donnéeë gëtt. Op Tinder huet een als Notzer d'Méiglechkeet, d'Informatiounen déi d'App iwwert ee sammelt, selwer erofzelueden an anzegesinn.

Beim Erofluede vun den Donnéeë géif d'App verschidde Kategorien ewechloossen, ouni d'Benotzer doriwwer z'informéieren. Dat deelt déi iresch Dateschutzautoritéit DPC e Freideg mat.

Et wier zwar net onbedéngt néideg, eng komplett Kopie vun allen Donnéeën ze liwweren. Allerdéngs misst op eng fair an transparent Manéier erkläert ginn, wéi eng Donnéeën tatsächlech weidergi ginn.

Well vill grouss amerikanesch Tech-Entreprisen hiren europäesche Sëtz an Irland hunn, ass déi iresch Dateschutzautoritéit dofir zoustänneg, ze kontrolléieren, ob si sech un déi europäesch Dateschutz-Grondveruerdnung (DSGVO) halen.

D'Match Group huet ugekënnegt, géint dës Decisioun an Appell ze goen.

Back to Top
CIM LOGO