
An der Nuecht op e Samschdeg hunn d'Policebeamten op der A13 Richtung Péiteng net schlecht gestaunt, wéi se op der Héicht vum Tunnel Éilereng mat héijer Vitess vun engem Auto iwwerholl gi sinn. De Chauffer huet och am Tunnel keng Ustalte gemaach méi lues ze fueren. Geschitt ass dat Ganzt géint 2:50 Auer.
D'Beamte sinn dem Auto iwwert déi ganz A13 a Richtung Péiteng nogefuer, kruten en awer net méi ageholl. Via Funk gouf Verstäerkung gefrot an eng Policepatrull, déi deen Ament beim Rond-point Biff war, konnt de flüchtege Chauffer stoppen. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.