825 Milliounen EuroHolland decidéiert héich Geldstrof géint Uber

RTL mat AFP
Grond dofir wiere Verstéiss géint den europäeschen Dateschutz.
© AFP/Samuel Corum

Well Uber automatiséiert d'Konte vun hire Fuerer desaktivéiert hat, ouni dës virdrun ze informéieren, huet déi hollännesch Autoritéit fir Dateschutz eng Geldstrof an Héicht vun 825 Milliounen Euro géint Uber decidéiert. E Spriecher vun den Autoritéite huet dëst e Freideg confirméiert, d'Strof war schonn e Méindeg decidéiert ginn.

D'Decisioun baséiert sech op dat Europäescht Dateschutzgesetz DSGVO, deemno Mënschen "net Géigestand vun enger Decisioun" dierfe sinn, déi "integral op enger automatiséierter Veraarbechtung berout." Et geet dobäi ëm Fäll vu gespaarte Konte an Europa tëscht 2020 an 2022. Eng éischte Kéier gouf sech a Frankräich doriwwer beschwéiert. De Fall gouf awer an Holland verhandelt, well hei den europäesche Siège vun der US-Firma ass.

Uber huet annoncéiert, datt ee juristesch géint d'Decisioun an déi "onverhältnesméisseg héich" Strof virgoe wéilt. D'Autoritéit fir Dateschutz huet "fréier Praktiken ënnersicht, déi scho viru Joren ausser Kraaft gesat goufen", esou Uber an enger éischter Reaktioun.

Back to Top
CIM LOGO