
iOS an iPadOS 27, déi Enn des Jores sollen agefouert ginn, wäerten an den Apple Keyboard-Astellungen och eng Optioun fir e Lëtzebuergesche Keyboard hunn. Bis ewell gouf et Lëtzebuergesch op iPhones an iPads just iwwer extern Keyboarden.
Wärend der Presentatioun vun Apple goufen déi nei Keyboard-Sprooche just kuerz genannt. Ma verschidde Reddit-Utilisateuren, déi d'Beta-Versioun getest hunn, soten, de Keyboard wier ee Standard-QWERTZ mat extra Taste fir Buschtawen, déi am Lëtzebuergesche méi dacks virkommen, wéi zum Beispill é, ë, an ä.

Duerch den neie Keyboard kënnt iOS am Lëtzebuergesche méi no un Android erun. Android-Utilisateure kënne Lëtzebuergesch scho méi laang als Sprooch notzen, dat duerch den Gboard keyboard vu Google. Wärend Gboard och fir iOS ze kréien ass, schéngt Lëtzebuergesch allerdéngs aktuell net ënnerstëtzt ze ginn.
Ma Lëtzebuerg ass net dat eenzegt Land, wat sech iwwert een neie Keyboard freeën däerf. Apple huet nach eng Rei aner Sproochen annoncéiert, dorënner Afrikaans, Baskesch a Zulu. Déi nei Keyboarde sollen disponibel ginn, esoubal Enn des Jores deen neien Update lancéiert gëtt.