
Nodeems den US-President Donald Trump d'lescht Woch offiziell via Dekreet verfüügt huet, dass de "Lake Ontario" a "Lake America" ëmbenannt gëtt, huet Google Maps dat elo iwwerholl, allerdéngs just fir d'USA.
Clienten aus Kanada kréien weider den originale Numm ugewisen. Mir hei an Europa kréien iwwregens déi zwee Nimm ugewisen. Google Maps ass jo mat iwwer zwou Milliarde Sich-Ufroen all Mount, de weltwäit gréissten Navigatiouns- a Kaarte-Service op der Welt.
En Donneschdeg gouf säitens dem US-President en Dekreet ënnerschriwwen, datt de "Lake Ontario" vun elo u "Lake America" heescht.
An engem Videomessage hat den US-President eng Kaart mam neie Numm vum Séi verëffentlecht an argumentéiert, dass d'USA net erwaarden, nach vill Geschäfter mat Ontario ze maachen". Duerch de "Lake Ontario" verleeft d'Grenz tëscht der kanadescher Provënz Ontario an dem US-Bundesstaat New York. D'Gewässer gehéieren zu de fënnef grousse Séie vun Nordamerika.