Véier SekonnenSechs Joer jonk Chineesin stellt Rubik's Cube-Rekord op

AFP, iwwersat vun RTL
Eng jonk Chineesin huet e Rubik's Cube a just bësse méi wéi véier Sekonnen geléist an domadder en neie Rekord opgestallt.
© HRISTO VLADEV/Anadolu via AFP

D’Lian Yunzhi hat den Zauberwierfel bei zwou Competitiounen zu Wuhan an zu Guangzhou dëse Mount an tëscht 4,52 a 4,27 Sekonnen an déi richteg Positioun bruecht an domat zweemol de Weltrekord bei de Frae gebrach, esou de chineesesche Staatstëlee e Méindeg.

D’Lian wier déi éischt "Speedcuberin", déi ënner 4,5 Sekonne bliwwen ass. E Video weist, wéi dat klengt Meedchen mat enger rout-karéierter Hoerschläif um Kapp de Rubik’s Cube a kierzter Zäit hin an hier dréit, ier et en op den Dësch leet, an d’Hänn klappt an d’Fauscht houfreg an d’Luucht streckt.

Dem Lian senger Mamm no hätt hat scho fréi mam Zauberwierfel ugefaangen. Mat der Zäit hätt si gemierkt, datt d’Léise vum Zauberwierfel en "exzellent Mëttel wier, fir d'Fäegkeete vum Kand ganzheetlech ze entwéckelen.

Mëttlerweil kennt d’Lian, och "Zhizhi" genannt, méi wéi 1.300 Algorithme fir de Cube ze léisen. Geüübt gëtt all Dag tëscht zwou an dräi Stonnen.

Back to Top
CIM LOGO