Als Mann verkleet trainéiertAfghanesch Vëlosfuererin gewënnt Sëlwer bei Asian Games

AFP, iwwersat vun RTL
D'Fariba Hashimi ass 2021 virun den Taliban geflücht an trëtt elo fir Italien un.
D'Fariba Hashimi mat der Sëlwermedail (l.) nieft dem Guo Li (m.) an dem Leung Wing Yee (r.).
D'Fariba Hashimi mat der Sëlwermedail (l.) nieft dem Guo Li (m.) an dem Leung Wing Yee (r.).
© CEN YUNPENG/Xinhua via AFP

Eng afghanesch Vëlosfuererin, déi sech als Mann verkleet hat, fir hiren Dram kënnen ze realiséieren, huet en Donneschdeg bei den Asian Games zu Nagoya a Japan eng Sëlwermedail am Vëlo gewonnen. Si hofft, datt hir Victoire aner Fraen an engem Land, wou d'Taliban hir Fräiheete staark ageschränkt hunn, inspiréiert.

Fir hiren Dram gekämpft

D'Fariba Hashimi ass Zweet ginn a nennt hiren Triumph "eppes Besonnesches".

"Ech ka meng Gefiller am Ament net beschreiwen", sou déi 23 Joer al Fra. Ugefaangen huet si als jonkt Meedchen zesumme mat hirer Schwëster Yulduz, déi och eng professionell Vëlosfuererin ass. Deemools gouf si mat Steng ugegraff an huet sech als Mann verkleet, fir kënnen ze trainéieren.

"Ech sinn an engem Land gebuer ginn, wou Frae mat Dreem attackéiert ginn an ech sinn extrem frou, datt ech géint dëst gekämpft hunn. Ech hoffen, datt déi nächst Generatioun heihinner komme kann an hiert Land ouni Angscht representéiere kann."

D'Taliban sinn 2021 zréck un d'Muecht komm an hunn zanterhier eng Rei vu Reegelen duerchgesat, déi Fraen den Accès zu Educatioun an zum ëffentleche Liewen ewechhuelen, esou och zum Sport.

"Si hunn eis Fräiheet ewechgeholl, si hunn eis alles fortgeholl", sou d'Hashimi, déi aus der Provënz Faryab am Norde vun Afghanistan kënnt an d'Land verlooss huet, wéi d'Taliban d'Iwwerhand gewonnen hunn.

Net eleng iwwert d'Arrivée

"Ech sinn net eleng, an ech weess, datt Millioune vu Fraen aus verschiddene Länner hannert mir stinn an dee selwechten Dram hunn."

Si ass mat Hëllef vun der fréierer italieenescher Weltmeeschterin Alessandra Cappelloto aus Afghanistan geflücht an huet sech an Italien néiergelooss.

Hir Schwëster a si hu virun zwee Joer bei der Olympiad zu Paräis matgemaach an hunn elo d'Spiller vun 2028 zu Los Angeles am Bléck: "Ech wäert ni opginn, an hoffentlech wäerte mir dat nach eng Kéier zu Los Angeles erliewen."

Virun allem der japanescher Ekipp seet d'Hashimi Merci: "E grousse Merci un déi japanesch Ekipp. Si waren esou léif mat mir an hu mäi Vëlo reparéiert."

Back to Top
CIM LOGO