Auktioun zu ParäisErënnerungsstécker vum Brigitte Bardot fir bal eng Millioun Euro versteet

AFP
D'Stee vun iwwer 250 private Géigestänn vun der verstuerwener franséischer Schauspillerin Brigitte Bardot huet bal eng Millioun Euro abruecht an domat d'Schätzunge wäit iwwertraff.
Die Versteigerung von mehr als 250 privaten Gegenständen des verstorbenen französischen Filmstars Brigitte Bardot hat fast eine Million Euro eingebracht. Damit wurde der Schätzwert um ein Vielfaches übertroffen.
Eng 250 privat Géigestänn goufe versteet.
© AFP

D'Stee vun iwwer 250 private Géigestänn vun der verstuerwener franséischer Schauspillerin Brigitte Bardot huet bal eng Millioun Euro abruecht an domat d'Schätzunge wäit iwwertraff.

D'Zomm war bal 20 mol esou héich, wéi am Virfeld geduecht gi war, huet d'Auktionshaus "Millon" e Méindeg zu Paräis matgedeelt. Déi insgesamt 285 Objeten, dorënner Stréihitt, Sonnebrëller an Nuetshiemer, si mat enormer Begeeschterung ugeholl ginn, esou een AFP-Journalist.

D'Schauspillerin an Déiereschützerin war am Dezember am Alter vun 91 Joer gestuerwen. Den Erléis vun der Auktioun soll un hire Jong Nicolas-Jacques Charrier an un eng Déierestëftung goen, déi vun hir gegrënnt gouf. Eng 3.000 Aktionären aus Frankräich an der Welt hate sech fir d'Stee ugemellt.

"D'Brigitte Bardot huet sech op en Neits als bemierkenswäert Alchimistin erwisen", esou den Alexandre Millon. "Si huet ee Schätzwäert vu ronn 50.000 Euro a bal eng Millioun Euro ëmgewandelt, Fraisen inklusiv", esou den den Zoustännegen.

Zu de Géigestänn gehéieren ënnert anerem zwee Halsbänner fir Hënn, déi dem Brigitte Bardot hiren Numm an d'Telefonsnummer vun hirer Residenz La Madrague drop stoen haten. De Schätzwäert fir déi zwee Halsbänner louch bei 30 Euro. Versteet goufe se allerdéngs fir 9.400 Euro un ee russesche Keefer. Ee Selbstportrait vum Filmstar huet bal 40.000 Euro erabruecht. D'Schreifmaschinn, op där si hir Autobiografie geschriwwen huet, huet fir 4.634 Euro de Besëtzer gewiesselt.

D'Bardot gouf mam Film "Et Dieu … créa la femme" bekannt, an deem si eng Fra spillt, déi hir Loscht auslieft. De Skandalfilm huet deemools d'Leit faszinéiert an der Bardot hir Karriär lancéiert. Bis Ugangs der 70er huet d'Bardot a ronn 50 Filmer matgespillt. Si huet deemools zu de meeschtfotograféierte Frae op der Welt gehéiert.

1973 huet d'Bardot hir Schauspill-Karriär un den Nol gehaangen an huet hiert Liewen dem Déiereschutz gewidmet. Fir d'Grënnung vun hirer Déiereschutz-Organisatioun huet si en Deel vun hirem Besëtz versteet. Politesch ass d'Schauspillerin wéinst hire rietse Positioune bekannt gewiescht a krut wéinst rassisteschen Aussoen och e puermol Geldstrofen.

Back to Top
CIM LOGO