EU Kids ActJonker hätten sech schonn éischter Restriktioune fir Sozial Medie gewënscht

Monica Camposeo
Dany Rasqué
D’EU huet mam Kids Act ee graduellt Verbuet fir Sozial Medie fir Kanner a Jonker op europäeschem Niveau proposéiert. Vill Jugendlecher hätte sech esou eng Restriktioun vill éischter gewënscht.
Jonker hätten sech schonn éischter Restriktioune fir Sozial Medie gewënscht
D’EU huet mam Kids Act ee graduellt Verbuet fir Sozial Medie fir Kanner a Jonker op europäeschem Niveau proposéiert.

D’EU huet mam Kids Act "Elo sinn ech 17, mee wou ech 15 war, war ech de ganzen Dag op TikTok, 70 Stonne pro Woch. Dat ass net gutt." Dat sot e Lycéesschüler, dee sech elo eréischt bewosst gëtt, wéi schiedlech dëst Verhale war. En anere Jonke seet, hie géing elo d’Applikatioune läschen, well hie sech soss net kéint op d’Schoul konzentréieren. Eng Schülerin fënnt, dass och den iPad an der Klass scho vum Léieren oflenkt.

Dës Astellung gesäit och Bee Secure a senge Formatioune mat Jonken. De Jeff Kaufmann, Project-Mangager bei Bee Secure, schwätzt vun engem Wiessel an der Mentalitéit. Et géing een déi Jonk net vun eppes ausschléissen, mee si lues a lues un déi Sozial Medien eruféieren, andeems si mat 13 e Mini-Konto, dee vun den Eltere geréiert gëtt, kënnen opmaachen. Hei ass d’Notzung dann och bis 15 Joer op eng Stonn den Dag limitéiert. Nieft der Sensibiliséierung wier d’Restriktioun, déi vun der EU proposéiert gouf, e weidere wichtege Bausteen.

Dat begréisst ee bei Bee Secure, well Kanner a Jonker jo och solle léieren, wéi een déi Sozial Medie sënnvoll an a Moossen notze kann. Kënnt d'Propos vun der EU dann awer net ze spéit, wéi vill Jugendlecher d'Gefill hunn? Besser spéit wéi ni, seet dozou de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jonker. Och hie begréisst awer, dass elo Neel mat Käpp gemaach ginn, nodeems esou laang nogekuckt ginn ass.

Déi genee Ëmsetzung steet nach op, well d'EU-Parlament an d'Memberstaaten nach iwwert déi konkret Reegelen diskutéieren. D’Lëtzebuerger Regierung begréisst op jidder Fall d'Propos vun der EU, esou d’Ministesch fir Digitaliséierung Stéphanie Obertin. Et géing een dat weider suivéieren an da mat der zoustänneger Justizministesch d’Ëmsetzung och fir Lëtzebuerg erméiglechen.

Fir déi betraffe Jonker ass et elo wichteg, dass sech d'Memberstaaten eens ginn an d'EU-Reegelen net méi all ze laang op sech waarde loossen.

Back to Top
CIM LOGO