D'Wierker sinn duerch eng laang Frëndschaft an d'Famill komm: De Papp huet de Moler bei Renovatiounsaarbechte gehollef an als Géigeleeschtung d'Biller kritt. Haut wëll d'Famill méi iwwer de Kënschtler an de Wäert vun dësen Erënnerungsstécker gewuer ginn.
Zesumme mam Mike Fandel entdeckt d'Famill d'Geschicht hannert de Wierker an och dass zu Veianen net ëmmer ee Sessellift stoung. D'Expertin Caroline Cuny-Desprez erkläert, vu wéi enge Virlagen sech de François Kops inspiréiere gelooss huet, bewäert seng Moltechnik a weist, firwat seng Biller haut virun allem en emotionale Wäert hunn.
Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.