
An der Wüst ëstlech vu Kairo hunn d’Aarbechten um éischten ägypteschen High-Speed-Zuch ugefaangen. Mat deem Tracé sollen dat Rout Mier an d’Mëttelmierregioun matenee verbonne ginn. Dem Transportminister Kamel al-Wazir beschreift den neie Projet als “Sueskanal op Schinnen”. Passagéier a Cargomaterial sollen dann a manner wéi dräi Stonnen, mat enger Vitess vu bis zu 250 Kilometer an der Stonn, eng Streck vu ronn 675 Kilometer zeréckleeë kënnen. Schonn 2026 soll d’Streck, op där sech 22 Arrête befannen, fäerdeg ginn.
Déi sougenannt “Gréng Linn” ass dee leschten op enger laanger Lëscht vu Megaprojeten, mat deenen den ägyptesche President Abdel Fattah El-Sisi säi Land moderniséiere wëllt. Viru 4 Joer hat seng Regierung mat engem Konsortium, zu deem och déi däitsch Firma Siemens gehéiert, e Kontrakt am Wäert vun 4,5 Milliarden Dollar ënnerschriwwen. Am Ganze sollen dräi Héichgeschwindegkeetstracéën duerch d’Land gebaut ginn. Eng “Blo Linn” soll Kairo mat Aswan verbannen, an déi “Rout Linn” wäert vertikal laanscht de Nil a säin Delta féieren.
Et gëtt sech erhofft, dass op deem ronn 2.000 Kilometer laange Netzwierk pro Dag ronn 1,5 Millioune Passagéier wäerte kënnen transportéiert ginn. Den aktuelle Reseau ass vereelzt, déi richteg Maintenance ass net assuréiert, sou dass et d’lescht Joer zu ronn 200 Accidenter komm war. Aktuell notze ronn eng Millioun Leit an Ägypten all Dag den Zuch.