WashingtonAmazon, Facebook, Google & Apple "hunn ze vill Muecht"

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch haten d'Cheffe vun de 4 groussen US-amerikaneschen Technologie-Gigante Rendez-vous mat der Justiz-Kommissioun am Representantenhaus.

De Zuckerberg, Cook, Bezos, a Pichai hu sech wärend iwwer 5 Stonne missen de Froe vun den Deputéierten an der Justiz-Kommissioun stellen. Et goung ënnert anerem ëm wirtschaftlech Dominanz, Online-Publicitéit, Sichmaschinnen, Verbreedung vu Fake News, Wirtschaftsspionage a méigleche Monopol-Reprochen. Dëst war déi éischt gläichzäiteg parlamentaresch Unhéierung vun e puer US-Internetkonzerner. Wéinst der Corona-Kris hunn d’"Big Four” net missen op Washington reesen, mä hu via Videokonferenz un der Befroung participéiert.

Iwwert ee Joer gouf sech op dëse wichtege Rendez-vous virbereet mat Milliounen un Dokumenter an Honnerte Stonne vun Interviewen. En “historeschen” Dag, well e Mëttwoch sollt den Dag sinn, op deem d’Politik géing der Techwirtschaft d’Stier bidden.

De Fokus louch schlussendlech virun allem um Virworf, dass Plattforme wéi Facebook zenséieren a rietskonservativ Meenungen a Medie géingen ënnerdrécken. Net ganz eens ware sech d’Politiker a puncto Meenungsfräiheet: Wärend sech Demokraten doriwwer opgereegt hunn, dass Facebook Videoe mat Fake News iwwert de Coronavirus verbreet, hunn d’Republikaner beklot, dass Facebook déi Contenuen aus de sozialen Netzwierker läscht.

© AFP

Den David Cicilline vun den oppositionellen Demokraten huet e Mëttwoch betount, déi 4 Internetrisen hätten “ze vill Muecht” a missten “adequat reguléiert an zur Rechenschaft gezu ginn.” Weider huet hie festgestallt, dass déi 4 Konzerner hir Muecht duerch d’Corona-Pandemie konnten ausbreeden. Am Kader vun dëser Kris “dierfte si nach méi staark a mächteg si wéi jeemools virdrun.”

En éischter moderaten Toun hat de konservativen Deputéierte Jim Sensenbrenner ageschloen: “Grouss ze sinn, ass u sech net schlecht”, sot de Republikaner. “Am Géigendeel, an den USA sollt ee fir säin Erfolleg belount ginn.”

Och an Europa stéisst d’Dominanz vu Google, Apple, Amazon a Facebook ëmmer méi heefeg op Kritik. Dowéinst lafen den Ament eng Partie Untersuchungen, ob d’Firme vun Zuckerberg, Cook, Bezos, a Pichai hir Muecht mëssbrauchen. Den US-President Donald Trump ass och ee grousse Kritiker vun de “Big Four”. Hie reprochéiert den Online-Plattformen, seng Messagen ze zenséieren an net neutral géintiwwer Konservativen ze sinn.

Zu engem sougenannte “Showdown” koum et e Mëttwoch zu Washington net. D’Justiz-Kommissioun wäert elo weider un hirer Herkulesaarbecht schaffen. Et bleift ofzewaarden, wéi eng Schrëtt dem Kongress wäerte recommandéiert ginn, fir d’Dominanz vun den Internetrisen zu engem gewëssen Deel anzegrenzen.

Back to Top
CIM LOGO