
Beim Prozess ginn déi gedréckte Bicher zerstéiert.
D'Journalisten hunn e raart Buch mat engem Tracker markéiert, dat an enger Bestellung vu ronn 1.000 Bicher war. Den Tracker huet d'Buch bis an en Amazon-Lager zu Las Vegas verfollegt. Mataarbechter vun dëser Ariichtung soen, datt si grouss Liwwerunge vu Bicher kréien, d'Bindunge vun de Bicher ofschneiden, fir d'Inhalter duerno méi séier kënnen ze scannen.
Amazon huet confirméiert, datt d'Firma Bicher iwwer kommerziell Kanäl keeft, fir hir Produkter a Servicer ze entwéckelen an ze verbesseren.
Bicher si fir KI-Entwéckler interessant, well vill vun hiren Inhalter net online verfügbar ass. Donieft enthalen eeler Bicher nach keen duerch KI generéierten Text, wat wichteg ass, fir de sougenannte "Model Collapse" ze vermeiden.
Bicherhändler haten an de leschte Méint e staarke Sprong bei de Verkafszuele bemierkt a sinn dovun ausgaangen, datt KI-Firmen hannert de groussen a ganz ënnerschiddleche Bestellunge kéinte stoen. Bis elo war onkloer, wien déi Bicher tatsächlech kaf huet.