
Op der WWDC (World Wide Developers Conference) 2019 huet Apple dës Gerüchter bestätegt. D’Software gëtt duerch dräi separat Appen ausgetosch, eng fir Musek, eng fir Podcats an eng fir AppleTV.
Och wann ee säin iPhone mam Computer verbanne wëll, gëtt een elo net méi an den iTunes-Programm geschéckt, ma dëst leeft elo iwwer de Finder, ewéi wann den iPhone eng extern Festplatt wier.