TwitterBal 3.500 Konte gespaart wéinst staatsnoer Propaganda

RTL Lëtzebuerg
2.048 Konten hunn d'Duerstellung vun der Kommunistescher Partei China mam Ëmgang mat der muslimescher Mannerheet vun den Uigure verbreet.
© AFP Archivbild

112 weider gespaarte Konten haten eng Verbindung zu enger Firm agestanen, déi vun der Regionalregierung vun der Provënz Xinjiang ënnerstëtzt gëtt, an där d’Uigure liewen.

De Mënscherechtsorganisatiounen a Fuerscher no sinn a Xinjiang iwwer eng Millioun Uiguren an aner Moslemen a Honnerte Lager agespaart. Si ginn do forcéiert hir Relioun, Kultur a Sprooch opzeginn a gi mësshandelt, soen Aktivisten.Déi chinesesch Regierung schwätzt vu “Bildungszenteren”, déi dem Kampf géint islamistesch Radikaliséierung notzen.

Am Ganzen ass Twitter géint presuméiert Propaganda-Konten a 6 Länner virgaangen. Nieft China, waren dat Mexiko, Russland, Tansania, Uganda a Venezuela.

Back to Top
CIM LOGO