
An engem oppene Bréif un ënnert anerem de Staatsminister iergert sech déi Responsabel, de Premier hätt kee Respekt gewisen, hätt andauernd säin Handy gekuckt, sech ameséiert an emol net sou gemaach, wéi wann e géif nolauschteren. Dat wier ganz einfach net z’entschëllegen vis-a-vis vun de méi wéi 7.000 Signatairen.
D’Biergerinitiativ versteet net, datt d’Regierung mat der annoncéierter Vitess un der Ëmsetzung vum 5G-Reseau hei am Land weiderfiert.