IndienBis ewell schwéierste Satellit an de Weltall geschéckt

AFP, iwwersat vun RTL
Neie Rekord fir déi indesch Raumfaartagence: Indien huet säi bis ewell schwéierste Satellite an de Weltall geschoss.
Indien hat seinen bislang schwersten Kommunikationssatelliten ins All geschossen. Die Trägerrakete LVM3-M6 startete am Mittwoch von Sriharikota und brachte den Kommunikationssatelliten AST SpaceMobile in die Erdumlaufbahn.
© Indian Space Research Organisation (ISRO)/AFP

D’Transportrakéit LVM3-M6 ass e Mëttwoch vu Sriharikota gestart an huet de Kommunikatiounssatellit AST SpaceMobile, dee vun den USA gebaut gouf, an d’Äerdëmlafbunn bruecht. De 6.100 Kilo schwéierer Satellit wier déi “schwéierst Notzlaascht, déi jee vum indesche Buedem aus gestart ass”, huet d’Raumfaartagence ISRO erkläert.

Dem indesche Premier Modi no wier de Start en “houferege Meilesteen am Weltraumprogramm vun Indien”. D’Land mat der gréisster Bevëlkerung op der Welt suivéiert schonn zanter Joren een ambitionéierte Programm, wat d’Raumfaart ugeet. Zil wier et dobäi, bis 2040 en indeschen Astronaut op de Mound ze schécken.

Ufank November war de 4.410 Kilo schwéiere Kommunikatiounssatellit CMS-03 vun Indien an d’Äerdëmlafbunn geschéckt ginn. Der Marinn no soll dësen hëllefen, “d’Kommunikatiounsverbindungen tëscht Schëffer, Fligeren an U-Booter ze garantéieren”. Fir déi rezent Raumfaart mat schwéierer Notzlaascht setzt Indien eng verbessert Versioun vun enger Transportrakéit an, mat där hirer Hëllef am August 2023 schonn eng Raumsond op de Mound geflu war.

Den indesche Raumfaartprogramm ass an de leschte Joren erhieflech ausgebaut ginn. Dëst Joer war de Shubhanshu Shukla, en Testpilot vun der Indescher Loftwaff, als zweeten Inder an den All geflunn an hat als éischten Inder déi International Raumstatioun ISS erreecht. Déi éischt bemannt Missioun vun Indien ass fir 2027 geplangt.

Back to Top
CIM LOGO