Sécherheetslacune fonntCybersécherheetsfirma hackt mat Anthropic-Software den OpenAI-Systeem

AFP
Enger Cybersécherheetsfirma ass et eegenen Aussoen no gelongen, mat Hëllef vun enger Anthropic-Software an de Systeem vun der KI-Entreprise OpenAI anzedréngen.
Einer Cybersicherheitsfirma ist es nach eigenen Angaben gelungen, mit Hilfe einer Anthropic-Software in die Systeme des KI-Unternehmens OpenAI einzudringen. Die Firma Hacktron erklärte, sie habe eine Sicherheitslücke im Hilfsforum von OpenAI entdeckt.
D'Firma Hacktron huet eng Sécherheetslacune am Hëllefsforum vun Open AI ebtdeckt.
© AFP

D'Mataarbechter vun der Firma Hacktron hunn e Freideg erkläert, si hätten eng Sécherheetslacune am Hëllefsforum vun OpenAI opgespiert. Doriwwer hätte si d'Kontroll iwwer sëllege Konte vun Open-AI-Mataarbechter fir den Chatbot ChatGPT kritt. Hacktron sot awer och, dass een déi Schwaachstell schonn Enn Juli "direkt" gemellt hat. Zesumme mat OpenAI hätt een un enger Léisung vum Probleem geschafft.

OpenAI huet erkläert, d'Sécherheetslück wier bannent Stonnen no der Meldung nees zou gewiescht. D'Firma ënnert der Leedung vum Sam Altman huet den Hacktron-Mataarbechter eng Belounung an Héicht vu 6.500
Dollar fir hiren Hiweis ausbezuelt. "Mir soen de Fuerscher Merci, dass si eis kontaktéiert hunn an hir Erkenntnisser mat eis gedeelt hunn", heescht et vun OpenAI.

Et hätt een eegenen Aussoen no de KI-Modell Claude Opus vun Anthropic benotzt, wéi Hacktron weider erkläert huet. Bannent ronn dräi Stonne wier d'OpenAI-Säit gehackt gewiescht. Antëscht huet Anthropic mat Mythos en däitlech méi leeschtungsfäege KI-Modell verëffentlecht. Mythos steet awer bis ewell nëmmen eng ageschränkte Krees vu Cyberofwier-Organisatiounen zur Verfügung.

Hacktron no fënnt een déi opgespierte Sécherheetslacune an der Software bei ville Firmen. Dorënner Slack an och Meta.

Wéinst de Risiken vun der Kënschtlecher Intelligenz hu sëllege Cheffe vu grousse KI-Entreprisen viru kuerzem fir eng méi lues Entwécklung vun der Technologie opgeruff. Dorënner den Anthropic-Chef Dario Amodei an den OpenAI-Chef Altman. 

Deen hei Artikel kéint Iech och interesséieren:

Back to Top
CIM LOGO