
2019 nach op Plaz 4, mëttlerweil Spëtzereider am Ranking vun den Appen, déi weltwäit am heefegsten erofgeluede goufen. Virun allem bei Kanner a Jugendleche kënnt TikTok gutt un an huet sech géint d’Konkurrenz Facebook, Messenger a WhatsApp behaapt. Dëst deelt d’App “Annie” mat, déi spezialiséiert ass op d’Maartfuerschung.
De fréieren US-President Trump hat wärend senger Amtszäit nach versicht, TikTok vum US-Marché ze verbannen. Als Grond huet hien déi national Sécherheet genannt. Den Joe Biden hat iwwerdeems just eng allgemeng Iwwerpréiwung vun de Sécherheetsrisiken duerch auslännesch Internet-Déngschter ordonéiert.
Videoe vun enger Längt vun 3 Minutte kënnen op TikTok eropgeluede ginn. Der Kreativitéit ginn do keng Grenze gesat.