
Déi italieenesch Designer-Mark Prada huet zesumme mat der Raumfaart-Entreprise Axiom Ënnerwäsch virgestallt, déi d'Astronaute wärend hirer nächster Mound-Missioun sollen droen. De sougenannte "Liquid Cooling Ventilation Garment", kuerz LCVG, ass déi bannescht Schicht vum Kostüm, dee se baussent hirer Raumstatioun beim Spadséieren um Mound wäerten un hunn.
Den LCVG wäert d'Astronaute virun den Elementer schützen, wa se déi éischte Kéier zanter méi wéi 50 Joer d'Surface vum Äerdtrabant entdecke wäerten.
2024 hate Prada an Axiom scho Modeller vu Kostümer fir d'NASA presentéiert, déi 2028 wärend der nächster geplangter Moundmissioun an den Asaz solle kommen. Elo déi passend Ënnerwäsch dozou ze modelléieren, wier deen nächste logesche Schratt gewiescht, sou béid Firmen an engem Communiqué.
De Ganzkierper-Kostüm wier mat Hëllef vu fortschrëttlecher 3D-Modelléierungstechnik entworf ginn a garantéiert nieft Belëftung och Killung a Confort wärend dem Asaz. Bei Laangzäitmissioune kéinten d'Kostümer souguer méi dacks verwennt ginn, sou durabel wier de Produit.
Well d'Astronaute wärend hire Missioune vill Kierperwäermt ofginn, gëtt dës duerch kaalt Waasser absorbéiert, dat duerch Schläich am Kostüm iwwer déi wichtegst Muskelgruppe leeft. Sollt de Killkrees mol ausfalen, gëtt et souguer e Backup-System.
En anere System aus Schläich féiert frësche Sauerstoff iwwer d'Gesiicht vum Astronaut, fir de Kuelendioxid ofzeféieren, dee permanent ausgeotemt gëtt.
Wärend aner Luxusmarke sech schonn dacks vun der Raumfaart inspiréiere gelooss hunn, ass Prada eng effektiv Kooperatioun agaangen. Experte gesinn doran de Versuch, d'Mark mat avantgardisteschem Denken a Verbindung ze bréngen.
Ausserdeem solle solvent Verbraucher gewonne ginn, déi sech eng Weltraumrees leeschte wéilten. Jeff Bezos an Elon Musk setze mat hire Firme jo verstäerkt op Weltraumtourismus fir Räicher.
Weider Moudemarken, déi op Kleedung fir de Weltall setzen, sinn Under Armour a Columbia Sportswear.