EU-Kommissioun reprochéiert VirwërfEU fuerdert Ännerungen bei Meta wéinst Suchtgefor

AFP, iwwersat vun RTL
Der Kommissioun no schütze Facebook an Instagram Kanner a Jugendlecher net genuch virun enger Suchtgefor. Meta weist d'Virwërf zeréck.
Meta steet no Virwërf vun der EU an der Kritik.
© AFP Archivbild

D'EU-Kommissioun huet Meta opgefuerdert, Facebook an Instagram besser unzepassen, fir Kanner a Jugendlecher ze schützen. Kritiséiert ginn ënner anerem déi sougenannt Endlosfeeds an dat automatescht Weiderofspille vu Videoen, déi d'Notzer laang op de Plattformen hale sollen. D'Kommissioun fuerdert dëst automatescht Scrollen ze desaktivéieren an obligatoresch Pausen anzeféieren.

Ausserdeem geheit Bréissel dem Konzern vir, d'Risike fir Kanner a Jugendlecher a senge Rapporte fir d'EU ënnerschat ze hunn. Facebook an Instagram ënnerleien dem Digital Services Act (DSA), deen déi gréissten Online-Plattforme verflicht, hir Notzer besser ze schützen.

Meta weist dës Virwërf zeréck a verweist op déi sougenannt Teen-Konten, déi zanter dem Ufank vun der Enquête agefouert goufen. Dës géife Jugendlecher automatesch besser schützen an den Eltere méi Kontrollméiglechkeete ginn. Der EU-Kommissioun geet dat awer net duer. Si behaapten, datt d'Astellungen einfach ausgeschalt kéinte ginn an d'Elterekontrolle wiere fir vill Leit ze komplizéiert.

Sollte sech dës Virwërf confirméieren, riskéiert Meta eng Geldstrof vu bis zu sechs Prozent vum weltwäite Joresëmsaz. No TikTok steet domat eng weider grouss Social-Media-Plattform wéinst dem Schutz vu Kanner a Jugendlechen am Viséier vun der EU.

Back to Top
CIM LOGO