Zu Esch treffe mir zwou jonk Lëtzebuergerinnen am Café vun engem Bicherbuttek. Op hirem Instagram-Kont deele si zënter 2020 Bicher-Kriticken, Favoritten a literaresch Entdeckungen. Bal 100 Bicher a Mangae liese si all Joer. Si gehéieren zu enger ëmmer méi grousser Communautéit, déi ënnert de Begrëffer "BookTok" a "Bookstagram" bekannt ass.
D'Sozial Medie sinn haut eng richteg Vitrinn fir d'Bicher-Welt. Algorithme schloen nei Titelen vir, Lieser inspiréiere sech géigesäiteg, an esou gëtt aus enger éischter perséinlecher Aktivitéit, eng gemeinsam Erfarung. Dat spiert een och an de Librairien. D'Rebecca Okine vun der Librairie Diderich zu Esch deelt selwer zënter méi wéi siwe Joer hir Lieserfarungen op Instagram. Och fir Librairien sinn déi digital Trends haut net méi ewechzedenken.
Besonnesch Romance- a Fantasy-Romaner profitéiere vum Hype. Viral Erfolleger wéi La Femme de ménage oder opfälleg Sammler-Editioune weisen, wéi staark d'Sozial Medie de Bichermaart beaflossen. D'Resultat: Aus engem kuerze Scroll um Handy gëtt net seelen den nächste Wee an de Bicherbuttek. Ecrane féieren esou paradoxerweis vill Leit zeréck bei de Pabeier.