Zu Qianjiang an der zentral-chineesescher Provënz Hubei ass déi weltwäit zweeten LED-Kugel opgaangen. Gutt 46 Meter héich, mat engem Duerchmiesser vu ronn 54 Meter, ass se ronn 80 Prozent méi kleng wéi d'Original zu Las Vegas.
Baussen ass de fräi programméierbaren Ecran 7.500m2 grouss. Bannena sinn et 3.200m2 Display mat engem Panorama-Soundsystem, beweegleche Sëtzer a 16k Bildqualitéit. Mat der Nova Sphere sollen d'Regioun an den Tourismus gefërdert ginn. Nieft Filmvirféierungen a gastronomeschen Eventer sinn och Konschtausstellungen, Concerten a Moudendefiléë geplangt.
Zwou weider LED Kugele sinn zu Shanghai an zu Guangzou amgaange gebaut ze ginn, déi bannent engem Joer sollen opgoen.