Privatsphär soll besser geschützt ginn Kontaktéieren ouni Telefonsnummer deemnächst iwwer WhatsApp méiglech

RTL mat AFP
Mat engem vill gewënschten Update wäert WhatsApp et senge Notzer deemnächst erlaben, iwwer e Benotzernumm amplaz iwwer eng Telefonsnummer kontaktéiert ze ginn.
Benotzernimm, déi ee scho bei Facebook oder Instagram huet, soll een och kënnen iwwerhuelen.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Wéi Meta annoncéiert wäert déi beléifte Kommunikatiounsapp "WhatsApp" et deemnächst erméiglechen, Persounen iwwer en eenzegaartege Username amplaz iwwer d'Telefonsnummer ze kontaktéieren. Domat soll d'Privatsphär vun den Notzer besser geschützt ginn, sou e Spriecher fir WhatsApp.

Bis elo war et néideg, d'Telefonsnummer ze deelen, wann een iwwer WhatsApp geschriwwen huet – dat geet elo mam neien Update och anescht. Wien also zum Beispill enger gréisserer WhatsApp-Grupp bäitriede wëll oder mat engem Onbekannte schreift, muss seng Nummer net méi automatesch matdeelen.

Déi nei Optioun ass eng Äntwert op d'Ufuerderunge vu ville Notzer, déi sech méi Diskretioun wënschen.

Wat d'Kontaktéieren ugeet, wäert et keng Méiglechkeet ginn, no Benotzernimm ze sichen an d'App schléit engem och keng vir. Wéi d'Firma ënnersträicht heescht dat, datt een den exakte Username vun enger Persoun muss kennen, fir dës kënnen ze kontaktéieren.

Wéinst de méi wéi dräi Milliarde Leit, déi Meta no weltwäit WhatsApp benotzen, ass et net ausgeschloss, dass vill d'Nimm séier wäerte fort sinn. Déi nei Funktioun gëtt duerfir lues a lues global agefouert, wéi WhatsApp matdeelt, an d'Notzer kënnen Nimm reservéieren, soubal den Update an hirem Land zur Verfügung steet.

Benotzernimm, déi ee scho bei Facebook oder Instagram huet, soll een och kënnen iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO