Wiessel bei AppleDen Tim Cook gëtt de Chef-Posten un den John Ternu of

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-Technologie-Gigant Apple steet domadder virun engem reegelrechte Generatiounswiessel.
© VALERIE MACON/AFP

De Chef vun Apple, de 65 Joer alen Tim Cook gëtt säi Posten en Dënschdeg un den Apple-Manager John Ternus of. Den 51 Joer alen Ternus soll Apple an d'Zäitalter vun der Kënschtlecher Intelligenz féieren. Den Tim Cook iwwerhëlt iwwerdeems de Virsëtz vum Verwaltungsrot a bleift dem Betrib dohier ëmmer nach erhalen.

2011 hat den Tim Cook jo de Poste vum Apple-Grënner Steve Jobs iwwerholl, deen nëmmen e puer Méint méi spéit am Alter vu 56 Joer gestuerwen ass.

Back to Top
CIM LOGO