Änlech wéi TwitterDonald Trump bréngt am Februar seng App "Truth Social" eraus

RTL Lëtzebuerg
No senger Spär bei Twitter a Facebook huet de fréieren US-President Donald Trump e Wee gesicht, nees online siichtbar ze ginn.
© AFP

Am Februar soll elo seng “Truth Social"-App erauskommen. Nach ass onkloer, ob et just eng Handy-App oder en Internetsite soll ginn. D’"Truth Social"-App soll op alle Fall den 21. Februar erauskommen.

Op Screenshotten an ze gesinn, datt d’App wuel zimmlech vill wéi Twitter ausgesäit. Dëst war ëmmerhin och déi App, op där de fréiere President och selwer am meeschten aktiv war, éier hie viru knapp engem Joer liewenslaang gespaart gouf.

Déi nei App ass net den éischte Versuch vum Donald Trump, fir nees online matzediskutéieren.

Back to Top
CIM LOGO