Sträit ëm MediegesetzFacebook blockéiert journalistesch Inhalter an Australien

RTL Lëtzebuerg
Facebook reagéiert op e Mediegesetz, dat dës Woch am Parlament soll gestëmmt ginn.
© AFP/File/Olivier DOULIERY

Dëst gesäit vir, dass Internet-Konzerner wéi Facebook Lizenz-Fraise fir Contenue vu Medien op hire Säite musse bezuelen.

Den US-Konzern Facebook huet dowéinst ënnert anerem Messagë vu staatlechen Internetsäiten, genee wéi Wieder- a Katastrophewarnunge blockéiert. Kritik un där Aktioun kënnt nieft dem australesche Finanzminister och vun der Mënscherechtsorganisatioun „Human Rights Watch”. Et wier skrupellos, den Zougang zu méiglecherweis liewenswichtegen Informatiounen ofzeschneiden.

Back to Top
CIM LOGO