
Facebook gëtt bei eisen däitschen Noperen däitlech manner genotzt wéi nach zejoert.
ARD an ZDF hunn eng ëffentlech Etüd gemaach, déi seet, datt 2019 nach 21% vun de Leit all Dag d’Online-Plattform genotzt hunn. Dëst Joer waren et just nach 14%.
D’Foto- a Videoplattform Instagram huet Facebook iwwerholl, mat 15%.
D’Messagëplattform WhatsApp bleift un der Spëtzt, méi wéi 2/3 vun de Leit benotzen d’Applikatioun all Dag. 1.500 Persounen, déi méi wéi 14 Joer hu, ware befrot ginn.