
D’Videoplattform Youtube huet da confirméiert, méi wéi 1 Millioun Videoen zanter dem Ufank vun der Pandemie geläscht ze hunn, well se geféierlech Falschinformatiounen iwwert de Coronavirus verbreet hätten. D’Richtlinne vu Youtube géifen zouloossen, fir Contenu, deen offensichtlech falsch wier, ze läschen.
Beispillsweis wa falsch Medikamenter verherrlecht ginn oder d’Pandemie u sech a Fro gestallt gëtt. Youtube riicht sech do nom Konsens vun den Experte bei der WHO.