
“Ech riichte grad mäin Twttr an”, war den éischten Tweet, deen op dem Dorsey sengem Profil ze liese war. U sech keen aussergewéinleche Message... An awer soll dësen elo e schéine Batz Geld erabréngen.
Fir 2,9 Milliounen Dollar, ëmgerechent 2,45 Milliounen Euro, gouf säin Tweet op der Plattform Valuables ugebueden. En neie Besëtzer huet en och scho fonnt: Dem Gerant vum Startup “Bridge Oracle” gehéiert vun elo un den éischten Tweet vum Twitter-Chef héchstperséinlech.
Wat den Dorsey mat deene bal 3 Milliounen Dollar wëlles huet? Den Erléis soll un aarm Mënschen am Oste vun Afrika gespent ginn. An e puer Joer wäerten d’Leit de richtege Wäert vun dësem Tweet erkennen, wéi d’Bild vum Mona Lisa, huet hie betount.