
Wéi d’Wäisst Haus matdeelt, huet de Biden e Freideg per Telefon mam Putin iwwer Ransomware-Attacke géint d’USA an aner Länner geschwat, déi stänneg weider géinge goen an déi vu Kriminelle géingen ausgoen, déi sech a Russland ophalen.
An de leschte Méint waren d’USA e puer Mol Affer vu grousser Hackerattacke mat Erpressungstrojaner ginn, déi ënnert anerem eng Gaspipeline an iwwer 15 Honnert Betriber blockéiert hunn.
Den US-President huet wéi gesot Konsequenzen an Aussiicht gestallt, ouni awer Detailer ze nennen.