
User a Userinne kënnen hir Ufroen op déi däitsch Nummer 0172/2524054 schécken. En Chat-Bot soll dann hëllefen, fir d’Informatiounen ze kontrolléieren a Fake News ze identifizéieren. Als Äntwert kritt een dann en AFP-Faktencheck. Fir dëst ze betreien, huet AFP extra en neie Redakter agestallt.
Déi kënschtlech Intelligenz vum Chat-Bot soll mat all Ufro dobäiléieren. Mat der Hëllef vun dësem Programm hofft een, méi séier an zilgeriicht Äntwerten ze kënnen an och op vill Ufroe kënnen ze reagéieren.