Franséisch Radioen di sech zesummenLancement vun neier Plattform

RTL Lëtzebuerg
Mat Hëllef vun enger neier Plattform soll een an Zukunft déi franséisch Radiossenderen och op den digitalen Apparater kënne lauschteren.
© AFP

Fir dësen neie Projet hu sech Lagardère News, zu deem Europe 1, Virgin an RFM gehéieren, de Grupp M6 mat RTL a Fun Radio, genee wéi Radio France an Indés Radios zesumme gedoen.

Fir d’Rentrée gëtt déi nei Societéit am Detail presentéiert, genee wéi déi ganz technologesch Modalitéite vun der neier Offer. D’Iddi ass et, datt d’Nolauschterer via eng App an Zukunft all d’Radiosprogrammer a Contenuen iwwert déi verschidden Apparater wéi den Handy oder awer den digitalen Display am Auto kënne lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO