RestenaLu.-Internetadress mat 1-2 Zeeche elo accessibel

RTL Lëtzebuerg
Vum 31. August 2020 un ass et méiglech esou kuerz Domainen zu Lëtzebuerg unzefroen.

Iwwert eng Period vu 15 Woche solle sou ronn 2.800 nei .lu-Registréierungen zougänglech ginn. D’Umelle vun den Internetsäite wäerten an 3 Etappen opgemaach ginn:

- Vum 31. August bis den 30. Oktober 2020, wärend der sougenannter Sunrise-Phas, ass fir Firmen a gréisser Betriber

- Vum 2. November bis de 14. Dezember, wärend der Landrush-Phas, kënne Privatpersounen Domainë mat 1-2 Zeechen umellen. Dëse Prozess wäert iwwert eng Stee lafen

- De 15. Dezember ass et da méiglech nach déi Internetadressen ze huelen, déi am Virfeld net reservéiert goufen

An de fréien 2000er Jore gouf d’Reservéiere vun Domainë mat nëmmen 2 Zeechen ausgesat, dat wéinst engem Software-Defekt. Op alle Fall ënnersträicht Restena, dass d’Nofro vun esou Domainen extrem héich ass. Dohier gouf och elo decidéiert, dës Adresse fräi ze ginn.

Alleguerten d’Informatiounen heizou ginn et op dns.lu!

Den offizielle Pressecommuniqué vu Restena

Back to Top
CIM LOGO