Fir dass dës Applikatioun och nëtzlech ka sinn, mussen awer och Millioune vu Fransousen dës App op hiren Handy eroflueden. Mat Hëllef vun der “Stop Covid"-App hofft déi franséisch Regierung, eng 2.Well z’evitéieren.
“Stop Covid” heescht d’Applikatioun a Frankräich. D’Erofluede vun dëser App ass fräiwëlleg a gratis. Si wär och net geduecht, fir d’Bierger ze kontrolléieren.
Ronn 67 Milliounen Awunner liewen am Hexagone. An de leschten 8 Deeg hunn eng Millioun Mënschen dës Applikatioun op hiren Handy gelueden. D’App funktionéiert iwwer Bluetooth. Ass ee méi laang ewéi eng Véierelsstonn a Kontakt mat enger Persoun, déi positiv op de Covid-19 getest gouf, gëtt een dëst op senger eegener App gewuer.
Fir déi jonk Fra a Mamm Céline Sorio war et séier kloer, dass si sech géif dës “StopCovid"-App op hire GSM eroflueden.
D’Céline wunnt a Frankräich no un der Grenz mat Däitschland a schafft zu Lëtzebuerg. Zu Steebrécken. Si schafft an enger klenger Ekipp. Hei ass si och déi eenzeg, déi ablécklech dës App um Handy huet.
Si selwer hat sech e leschte Freideg teste gelooss an ass net mam Virus infizéiert.
D’Céline Sorio ass ganz zefridde mat der “Stop Covid"-App. Elo versicht si, hir Aarbechtskolleegen a Kolleeginnen och vun dëser Applikatioun ze iwwerzeegen.
