Géint Isolatioun wärend der PandemieNei App "Himoon" fir d'Kommunautéit LGBTQ+ zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Mëttwoch ass eng nei App hei am Land disponibel, déi speziell d'Kommunautéit LGBTQ+ viséiert.

D’App soll de Leit e Moyen aus der Isolatioun ginn an dem Manktem u sozialen Interaktiounen entgéintwierken. Dobäi ass et awer keng Dating-App wéi anerer. D’Profilbild gëtt net direkt ugewisen a gëtt eréischt am Laf vu Gespréicher devoiléiert. Op déi Manéier léiert ee fir d’éischt d’Perséinlechkeet vun enger Persoun kennen a geet net just op d’Ausgesinn, nieft dem Faite, dass dëst méi diskret ass.

Erofluede kann een d’App am Apple Store an am Google Play Store.

PDF: Schreiwes vun Himoon

Back to Top
CIM LOGO