
All Notzer an Europa wäert an den nächsten Deeg een neie Banner gesinn, wann se d’App opmaachen. WhatsApp probéiert domat, hir Dateschutzbestëmmunge méi transparent a méi verständlech ze maachen.
Dräi Facteure spillen heivir eng besonnesch wichteg Roll, well WhatsApp evitéiere wëll, nom Kommunikatiounsdrama ugangs dës Jores wéinst den deemools ugekënnegten neien Notzungsbedéngungen an Dateschutzrichtlinnen, rëm an d’Schlagzeilen ze geroden.
D’Verännerung vun de Reegelen ass eng Reaktioun op eng Geldstrof vun der Dateschutzkommissioun an Irland. D’"Data Protection Commission” hat am September eng Geldstrof géint WhatsApp verhänkt, well d’Entreprise hir User net genuch iwwert den Notzen vun hiren Daten informéiert hätt.
WhatsApp hat sech zwar juristesch géint d’Decisioun gewiert, ma de Rechtssträit kéint nach Joren daueren. Elo sollen a mussen d’Notzer op d’mannst besser doriwwer opgekläert ginn, wat mat hiren Date geschitt.
De Banner, deen an den nächsten Deeg optauche wäert, verweist a verlinkt dann op dat ëmformuléiert Dokument. Op den zweete Bléck fält dann op, datt WhatsApp elo mat faarwegen Textbléck an Tabelle schafft, fir déi nei Richtlinnen op d’mannst méi iwwersiichtlech ze gestalten. Un der Funktiounsweis vun der App a wéi eng Date WhatsApp mat Meta (fréier Facebook) deelt, géif sech awer näischt änneren.