
Wat genau de Satellit an déi ganz Missioun soll kaschten, gouf awer net verroden. Den Dodge 1, esou den Numm vum Satellit, soll mat enger Falkon-9-Rakéit op de Mound geschoss ginn.
Dës Annonce koum een Dag, nodeem den Elon Musk an der US-Comedy-Show “Saturdy Night Live” de Maartwäert vum Dogecoin zum Astierze bruecht hat. An der Sendung hat hien d’Wärung, déi aktuell e Wäert vu ronn 60 Milliarden Dollar huet, nach als “Vehikel, dat d’Welt eruewere wäert” bezeechent, kuerz drop sot hien, datt Dogecoin d’Leit géif “ofzocken”.