
Dat ass dräi mol esou vill wéi virun engem Joer. An de Chef Jeff Bezos, elo schonn de räichste Mann vun der Welt, ka sech freeën. Him gehéiert e grousse Pak un Aktien vun Amazon. Den Index vun de Milliardäre vu ''Bloomberg’’ schätzt dem Bezos säi Verméigen op 195 Milliarden Dollar.
A gutt zwee Méint gëtt de Jeff Bezos säi Posten awer un den Andy Jassy of, dee bis ewell de Chef vum profitabelem Cloud-Departement vun Amazon war. De Bezos behält als President vum Verwaltungsrot vum Konzern awer vill Afloss.