
Aktuell wiere vill Leit dobäi a voller Panik hir Kryptowärungen ze verkafen. Ausléiser dovunner si verschäerft Aschränkungen, wat d’Geschäfter mat Kryptowärungen a China ugeet. Et gëtt gefaart, datt aner Länner dem Beispill China kéinten nokommen, well d’Zentralbanken hir eege Digitalwärunge wëllen erausbréngen, esou de Chefanalyst vu Markets.com. Bis ewell sinn déi westlech Länner éischter locker mat de Bitcoins ëmgoen, dat kéint sech awer gläich änneren, esou den Neil Wison weider.