RTL.lu, RTL 5minutes.lu (op Franséisch) an RTL Today (op Englesch) hu vun elo un hir eege Widgets fir iOS 14. Mat dësen neie Widgets gesitt Dir op ee Bléck all d’Aktualitéite vun Ären RTL-Appen.
De Virdeel vun engem Widget ass et, déi meescht benotzte Funktiounen/Apps – wéi zum Beispill Är RTL-Appen - direkt op Ärem Homescreen ze hunn, ouni dass Dir dofir d’App musst opmaachen. Gesitt dës Funktioun einfach wéi eng Telecommande fir Är RTL-Appen.

Wann Dir d’RTL-Widgets bis op Ärem Homescreen installéiert hutt (um iPhone an/oder um iPad mat iOS 14 oder enger spéiderer Versioun), gesitt Dir all d’RTL-Informatioune soubal en Artikel publizéiert gëtt. Vun elo u kënnt Dir also all Är Informatioune mat just engem Klick kucken.