Kann zwee Mol gefaalt ginnSamsung huet säin éischte Smartphone mat dräi Ecrane presentéiert

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Samsung huet en Dënschdeg säin éischten Handy, deen een zwee Mol fale kann, presentéiert.
© HWAWON CECI LEE/Anadolu via AFP

De “Galaxy Z TriFold” wäert den 12. Dezember an d’Vente goen. Mat engem Präis vun 2.443 $ wäert en duebelt esou deier sinn, wéi den iPhone 17 a sech net un den duerchschnëttleche Konsument riichten. De Vizepresident vu Samsung Alex Linn huet dann och matgedeelt, dass et sech ëm e spezielle Produit handelt, deen net fir de Grand public geduecht wier.

De Smartphone huet, wann e ganz ausgeklappt ass, eng Bildschierm-Diagonal vu 25,4 Zentimeter, dat bei engem Gewiicht vun 309 Gramm. Op der dënnster Plaz ass de “Z Trifold” 5 Millimeter héich.

De Smartphone soll sech besonnesch u Leit riichten, déi op dësem wëlle schaffen. Et ass dann och eng Kënschtlech Intelligenz installéiert, déi engem bei Probleemer oder Froe soll hëllefen.

D’Annonce vum “Galaxy Z Trifold” kënnt kuerz nodeems déi leschte weltwäit Verkafszuele suggeréieren, dass Apple Samsung am Laf vum Joer 2029 als weltwäit gréisste Smartphone-Produzent kéint ofléisen. Iwwerdeems hale sech zanter Längerem Rumeuren, dass Apple d’nächst Joer sengersäits e Smartphone, deen ee kann diebelen, erausbréngt. Scho viru Samsung hat iwwerdeems Huawei e Smartphone mat dräi Ecrane presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO