Hannert dëser Iddi stécht eng Campagne, déi en Zeechen am Kampf géint Rassismus setze wëll. Capitol Records, Warner Music Group a weider grouss Labelen hunn decidéiert, den 2. Juni 2020 keng Geschäfter ze maachen. Dëst als Zeeche vu Solidaritéit fir hir schwaarz Kolleegen a Kënschtler, ausgeléist duerch den Doud vum George Floyd, wéinst deem Mënschen op der ganzer Welt op d’Strooss ginn. Et wéilt een d’Zäit sënnvoll notzen, fir ze reflektéieren a sech a Saache Rassismus weiderzebilden, heescht et vu Capitol Records op Instagram.
Antëscht huet sech d’Aktioun zu enger weltwäiter Black-Lives-Matter-Beweegung entwéckelt. Eleng den Hashtag #BlackOutTuesday gouf schonn iwwer 11 Millioune Mol benotzt op Instagram, ënnert anerem och vu prominente Sänger, Schauspiller a Sportler.
