
D’US-Departement fir national Sécherheet, besser bekannt als Homeland Security, huet e Kontrakt mat der kanadescher Firma Hootsuite ofgeschloss, fir e System dierfen ze notzen, deen et erméiglecht, fir sozial Medien ze managen, awer och ze iwwerwaachen. Verschidde kanadesch Medie wéi och hir US-Kolleegen hunn dëst rezent public gemaach, nodeem eenzel Dokumenter vum Kontrakt ëffentlech gi sinn.
Fir hiren Déngscht zu Verfügung ze stellen, kritt Hootsuite bis 2029 ronn 2,8 Milliounen US-Dollar.
Wat genau am Kontrakt awer festgehale gëtt, ass onkloer, schreift betakit, ma et deit villes drop hin, datt Homeland Security de “Support Service” vun Hootsuite dierf notzen an och Accès op Talkwalker kritt, e Programm, deen op kënschtlech Intelligenz baséiert ass a mat deem een déi Sozial Medien oflauschteren an iwwerwaache kann.
Hootsuite huet op Nofro vun de nordamerikanesche Medien awer kee Statement zu “aktuellen, fréieren oder potentielle Clienten oder Partner” wollten ofginn. D’Firma war 2020 schonn an d’Kritik geroden, well een deemools un engem Deal mat ICE, déi jo aktuell ënnert d’Homeland Security gestallt sinn, geschafft huet. Dës Kritik huet dozou gefouert, datt Hootsuite de Kontrakt, deen iwwer dräi Joer sollt goen, gekënnegt huet an zwee Employéen, déi dëst public gemaach haten, erausgehäit huet.
ICE-Spionage made in Luxembourg?
Deemools awer war de Programm “Talkwalker” nach net en Deel vum Deal, well dës Firma huet Hootsuite eréischt 2024 kaf. Virdrun nämlech war den Haaptsëtz vun Talkwalker am Grand-Duché.
Am Abrëll 2024 gouf bekannt gemaach, datt d’Lëtzebuerger Startup, déi vum Thibaut Britz an dem Christophe Folschette gegrënnt a vum Robert Glaesener finanziell ënnerstëtzt gouf, vun der kanadescher Firma opkaf gi wier. D’Gebailechkeete vun Talkwalker sollten zu deem Ament och den europäesche Sëtz vun Hootsuite ginn. Béid Entreprisen hunn deemools un änleche Programmer geschafft, nämlech wéi een erausfanne kann, wat aner Leit iwwer ee selwer an de Soziale Medien schreiwen, war am Abrëll 2024 am Paperjam ze liesen.
Wien ass Hootsuite?
Hootsuite beschreift sech op hirer Internetsäit als “Social Media Marketing and Management Tool”, also als eng Hëllef, fir déi eege Sozial Medie besser ze vermaarten an domadder ëmzegoen. Hirer eegener Websäit no schaffe si mat ënner anerem IKEA, Adobe, der Weltgesondheetsorganisatioun WHO oder nach der University of Chicago zesummen.
An och si ginn Talkwalker, de Produit aus Lëtzebuerg, als ee vun hire wichtegsten Tools un, dat an der Kategorie “Social listening” also “Sozial nolauschteren”. Hinnen no lauschtert de Programm Talkwalker “Milliarde vu Konversatiounen” an de Soziale Medien no an erméiglecht engem esou, de ganzen Internet ze iwwerwaachen.
“Kréi dat kloerste Bild vun deem, wat deng Audience seet – egal wou si et seet. Fortschrëttlech KI iwwerwaacht Millioune vu Websäiten, esou datt’s du keng Erwänung, Kris oder Chance, dech enger Konversatioun unzeschléissen, verpass”, steet weider an der Beschreiwung vun Talkwalker ze liesen.
Et deit also villes drop hin, datt an den nächsten dräi Joer e Programm, deen hei am Grand-Duché entwéckelt gouf, vun Homeland Security an domadder och ICE genotzt wäert ginn, fir déi sozial Medien ze iwwerwaachen.