Soll ronn 20.000 Euro kaschten Tesla stellt humanoide Roboter "Optimus" zu Berlin vir

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-Elekroauto-Hiersteller Tesla huet säin humanoiden Roboter mam Numm "Optimus" e Samschdeg an engem Akafszenter zu Berlin engem gréissere Public presentéiert.
© CHRISTOPH SOEDER/dpa Picture-Alliance via AFP

De Roboter huet virun engem Akafszenter zu Berlin-Mitte Popcorn zerwéiert, huet Chrëschtbamkugelen a Kartonskëschte verdeelt an huet de Clienten gewonk. Wéi Tesla matdeelt, soll de Roboter “Enn 2026/Ufank 2027" op de Maart kommen. De Präis läit bei tëscht 17.000 an 21.000 Euro pro Stéck.

Den Optimus ass 1,73 Meter héich a soll Tesla no “onsécher, repetitiv a langweileg Aufgaben iwwerhuelen”, beispillsweis botzen oder kachen. Mënsche solle méi Zäit fir sech hunn, “dat wat se gäre maachen”. De Roboter kéint och Aarbechtsplazen ersetzen, zum Beispill Aarbechten an engem Lager.

De Roboter gëtt am moment an der Tesla-Fabrik zu Fremont a Kalifornien agesat, fir zum Beispill Batterie-Zellen ze sortéieren oder um Montage-Band auszehëllefen. Dem Hiersteller no ass dëse Roboter an der Lag zerbriechlech Objeten wéi Eeër ze gräifen oder awer och Geschier ze benotzen, e besëtzt eng “Echtzäit-Visioun an Navigatioun” a ka sech op zwee Been ouni Problem fortbeweegen.

Vill Leit wollten de Roboter "Optimus" zu Berlin virum Akafszenter bewonneren.
<p>LARA BOMMERS / AFPTV / AFP</p>

Back to Top
CIM LOGO