Online Dating an den USATinder & Co féieren Impfstatus an

RTL Lëtzebuerg
Wien am Internet op der Sich no engem neie Partner ass, deen dierf sech an den USA iwwert en neie "Feature" freeën.

An zwar kann een op Dating-Apps wéi Tinder, Bumble oder Badoo aginn, ob ee seng Corona-Impfung scho krut. Eng Aktioun, déi d’Amerikaner encouragéiere soll, sech vaccinéieren ze loossen. Nieft dem sougenannten Impfsigel kréien d’US-User donieft och e Premium-Upgrade oder gratis “Super-Likes” ugebueden.

Trotz Pandemie sécher daten: Dëst Zil hu sech eng Partie Dating-Apps gesat. An domat komme si der Demande vun de Leit entgéint. Enger Fuerschung vun OkCupid no kréien nämlech Persounen, déi hir Piqûre schonn hannert sech hunn, 14% méi “Matches” wéi Notzer, déi sech net wëllen impfe loossen.

Tinder wëll donieft och e virtuellen Impfzenter mat Informatiounen iwwert Corona-Impfunge lancéieren.

Antëscht kruten an den USA iwwer 160 Milliounen Awunner op d’mannst hir 1. Dosis, méi wéi 126 Millioune Leit si vollstänneg geimpft. D’Zil vun der Biden-Regierung ass et, bis de 4. Juli 70% vun den Erwuessenen an den USA op d’mannst 1 Mol geimpft ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO