
Den Oversight Board, deen dës Decisioun confirméiert huet, huet Facebook awer och opgefuerdert, dës Situatioun a sechs Méint nach eng Kéier ze préiwen.
Am onofhängege Gremium souze Journalisten, Juristen a Biergerrechtsexperten.
Den Donald Trump war nom Stuerm op d’Kapitol de 6. Januar op der Plattform gespaart ginn. Deemools hat de Facebook-Chef Mark Zuckerberg erkläert, datt den elo Ex-President den Online-Déngscht ausgenotzt hat, fir “e gewaltsamen Opstand géint eng demokratesch gewielte Regierung unzestëppelen”. Och Twitter hat den US-President du gespaart.