Neit Erfollegsrezept?Twitter-User kënnen aneren elo Geldspenden zoukomme loossen

RTL Lëtzebuerg
Eng begrenzten Unzuel un engleschsproochegen Notzer kann elo anere virtuellt Drénkgeld iwwerweisen.
© AFP/Archiv/Lionel BONAVENTURE

Dorënner Journalisten, Experten an Organisatiounen. Dat huet d’US-Entreprise en Donneschdeg matgedeelt.

Dëst wier en éischte Schratt, fir d’Leit an hiren Engagement op Twitter z’ënnerstëtzten, heescht et vun der Leederin fir Produktmanagement Esther Crawford. D’Plattform selwer géing näischt domat verdéngen.

Mat dësem neie Konzept erhofft den Internet-Ris sech natierlech och, weider Notzer unzezéien an d’Mënschen dozou ze beweegen, méi Zäit op Twitter ze verbréngen.

Back to Top
CIM LOGO