
Twitter hat Periscope 2015 kaf, nach éier d’App offiziell eraus war. Et war eng vun den éischten Applikatiounen, déi et dem User erméiglecht hunn, fir Livevideoe mam Handy an den Internet ze streamen. No Periscope hunn awer nach vill weider Firmen en änleche Produit op de Maart bruecht.